Zu Besuch a Clausen
De 6. Mäerz huet de Lawrence Kotarba vu Clausen Art ob den Vernissage vun senger klenger léiwer Privatausstellung ronderëm Mënzen, Timberen a Konscht invitéiert.
Zu fënnef si mir dësem Opruff nokomm, et waren dëst de Carlo Lonien, d’Chantal Rassel a vum Bureau Permanent de Michel Kirsch, d’Lulu Nilles an de Jeannot Piron.
Et war e flotten Owend a mir si mat villen interessante Léit a Gespréich komm.
Mir konnte witzeg Kollagë mat Timbere bewonneren, gesinn hu mir och de gëllene Krypto, d’Koffer Fra, ee Korpus ganz aus Mënzen e Wierk vum Rafael Springer oder de klenge Feierstëppler vun der Mme Gastauer di och selwer mat hirem Mann deen Owend präsent war.
Flott waren och déi Rummen aus dem 3D Drucker vun zwee indesche Studente vun der Uni Lëtzebuerg, eng super Iddi fir z.B e MengPost 8ter Blat besser zum Droen ze bréngen a nach villes méi.
Och, wann et net déi üblech Aart à Weis ass, ewéi mir aner eis Timberen a Zeene setzen, ass dëst eng gutt Initiative.
