Generalversammlung vum Cercle Phila Dudelange

Den 2 Mäerz huet de Cercle Phila seng 105ten Generalversammlung aberuff.
D’Präsidentin Louise Nilles huet d’Éieregäscht an d’Sammlerkolleege begréisst a no der Begréissungsried ass eng Gedenkminutt fir déi Verstuerwen ageluecht ginn.
Den Aktivitéitsbericht ass vum Winfried Schickert virgedroe ginn. 2025 hu mir eis 10 Mol versammelt. A bal all Versammlung hate mir e spezifescht Thema wou jidderee konnt matmaachen. De Comité war och 10 Mol zesumme komm.
Och soss war de Veräin zimmlech aktiv, sief et op nationalen an internationalen Evenementer awer och bei ettlechen Ausstellunge wou eis Memberen sech verdéngt gemaach hunn.
D’Finanze si gesond, de Bilan 2025 konnt mat engem klenge Boni ofgeschloss ginn.
De Marc Schaack, de Winfried Schwickert a Louise Nilles si vun der Assemblée fir déi nächst véier Joer an hiren Ämter getätegt ginn.
De Betréier vun eiser Websäit déi virun 10 Joer an d’Liewe geruff gouf , ass de Winfried Schickert. Hei gëtt et allerhand Interessantes ze liesen an zegesinn. Vill Artikelen a Sammlunge ginn hei publizéiert ( www-phila-dudelange.lu).
De Veräin huet Gebuertsdag. D’Präsidentin huet ausféierlech iwwert d’Feierlechkeeten bericht, déi am Mäerz zu Diddeleng am Hall Polyvalent stattfanne. An dësem Zesummenhang riicht de Veräin den 83e FSPL Kongress aus, gekoppelt mat enger klenger Ausstellung an engem Iessen. De Sujet vum Jubilar ass den Diddelenger Fernseetuerm.
Nodeems de Verbands-Präsident seng Felicitatioune fir d‘Engagement un de Veräin zum Ausdrock bruecht huet gouf d‘Generalversammlung opgehuewen. Et ass gouf sech duerno nach fir e Patt beim «Mario» getraff.