CERCLE PHILATÉLIQUE ET NUMISMATIQUE HOLLERICH-BONNEVOIE Rapport vun der Generalversammlung de 6. Februar 2022 zu Izeg am Café des Sports

  1. Nodeems d’Presänz-Lëscht verdeelt gouf, ob där sech immerhin 21 leit ageschriwwen hat, huet de Presidänt Maurice Kirsch mat engem Merci ugefaang. Dëse Merci war un eise Member Stéphane geriicht, dee frëndlecherweis säin Etablissement zur Verfügung gestallt hat.
  2. Uschléissend gouf de verstuerwene Sammler duerch eng Minutt Rou geduecht.
  3. Eis Sekretärin huet traditionell virgedroen, wat a wéi am vergaangene Joer geschitt ass. Esou huet d’Joer 2021 ugefaangen mat eiser Generalversammlung de 6.Februar, déi eng außergewéinlech Generalversammlung den 21. vun deem Mount als Folleg hat. Dës waren am Chalet vum Gaart an Heem Bouneweg- e Merci och hei fir d’Bereedstelle vum Sall. De 15. Mee gouf um Kongress d’Coupe vun der Federatioun verdeelt. Vu dass mir déi meeschten Nei-Umeldungen haten, ass d’Coupe erëm fir eis – yuppi. No laange Joren, huet eise Veräin och erëm Neiegkeete bestallt. Grond waren déi flott Timberen fir de Prënz Charel. Eng Bourse konnt och endlech erëm ofgehale ginn, dëst de 19. Juni am CELO zu Hesper. 155 Presänze gouf et do ze verzeechnen. Virum Summer hate mer eist gewinntent Ofschlossiessen an zwar an der Altra Osteria zu Bouneweg. Nom Summer konnte mer glécklecherweis erëm mat de Boursen um Kierchbierg duerchstarten. Tëscht dem 26.09. an dem 12.12.2021 hu mir eis fënnef Mol getraff an d’Presänze luche jeweils ëm 50. All Member krut als Ofschloss eng Krëschtkaart geschéckt. Während der drëtter Comitésitzung hu mir missen improviséiren. Eis Boursen um Kierchbierg goufe vun der Säit vum Bistum bis de Mäerz inclus alleguer ofgesot. Glécklecherweis koume mir beim uewegenannte Wiert ënner Dag.
  4. De Vize-Presidänt war leider net presänt. Mir wënschen dem Roby weiderhin gutt Besserung!
  5. Den Tresorier huet vermellt, dass de Club finanziell a propperen Dicher ass. Mir hunn esou guer e wéineg positiv geschafft.
  6. Am Numm vun de Keessereviseuren huet de Jean Herr festgestallt, dass d’Finanzen an der Rei sinn an dass den aktuelle Keessier weidermaache kéint.
  7. Dëst gouf dann och vun der Versammlung ugeholl.
  8. Et gouf keng Ufro, fir an de Comité ze kommen. Vu dass et och keng Sortie gouf, bleiwt d’Equipe also déi selwecht.
  9. Net d’selwecht bleift eis Kontrollkommissioun vun de Finanzen. Mir soen dem Jean Herr villmols Merci fir säin Asaz an de leschte Joeren. Hien huet dem Olivier Nosbaum seng Plaz gelooss, esou dass mir weiderhin zwee Keessereviseuren hunn. Eise Reservist bleift och. Merci hinnen.
  10. Et gëtt kee Grond fir de Bäitrag vun der Memberskaart z’änneren. Mir bleiwen also bei 10€ fir d’Joer 2023.
  11. Et war kee Vertrieder vun der FSPL vertrueden.
  12. Am Ofschloss goung et haaptsächlech em eis Honnertjoerfeier. Dës ass den 18. Juni Samschdes am Chalet vum Gaart an Heem Bouneweg (ganz hannen an der rue Anatole France zu Bouneweg). Eng Invitatioun kënnt no. Wat elo scho feststeet sinn de Sonderstempel, dee mir vun der Post an der FSPL zougesprach kruten. Do passt dann natierlech e speziellen Timber vun MengPost® an eng Kaart an eng Envelopp.

Fir eis Numismatiker wäert et och eppes Flottes ginn.

Deen Dag wäert och eng kleng Ausstellung gewise ginn. Et geet hei em d’Weise vun Clubdokumenter an och (Auszich aus) Sammlunge vun eise Memberen. All motivéierte Member ka sech gäer beim Presidänt mellen. D’Plaz wäert begrenzt, d’Qualitéit doduerch awer net manner, sinn.

Luewenswert ass indes d’Zesummenaarbecht mat den Ettelbrécker Timbersfrënn. Aner Zesummenaarbecht war leider netz e vermellen – schued. Zesummen kann ee méi errechen! Zum Beispill nei Membere bäikréien. Mir stinn Stand haut bei 117. Ween nach interesséiert Leit kennt, mellt se! Eventuell si mer dann fir eis 200 Joer bei 200…

Als definitiven Ofschloss gouf et dann e Patt an eng Rieslingspaschtéit.

Mir freeën eis, fir dech demnächst ze gesinn, Uersaache genuch ginn et.

Fir de Comité

De Maurice