Cercle philatélique Hollerich-Bonnevoie

Den 8. Januar 2023 hat den Timberen- a Mënzeclub Hollerech-Bouneweg asbl op hier zweet Tauschbourse zu Biwer am Centre Culturel Fancy (8, Schoulstrooss) invitéiert. Dës éischt Evenement am neie Joer war mat knapps 90 Leit op der Plaz besicht. Bei dëser Geleeënheet gouf de laangjärege Member, Comitésmember a Vize-President Roby Gedink fir seng Aarbecht geéiert an offiziell verabschied. De Roby war duerch seng douce an häerzlech Aart a Weis en angeneeme Partner am Comité a wosst duerch seng Witzer ze bestiechen. Ween huet säi Witz net héieren? Wat ass déi schwéierste Stad a Frankräich? (Lourdes). Och wann de Roby net méi um alldeegleche Schaffe vum Club Deel hëlt, hoffe mir, hien nach laaaang am Veräin an ob eisen Evenementer ze begréissen. 

Natierlech ass all Sammler vun Timberen, Postkaarten, Bréiwer / Enveloppen, Mënzen, Geldschäiner, Schampeskapselen, Aktien a soss ale Pabeieren ëmmer Wëllkomm, dëst als Visiteur oder och gären als Aussteller. Mellt Iech beim Maurice Kirsch (mommo@pt.lu oder 691 83 49 26) fir een (oder méi) Dësch(er) oder wann Dir soss Froen, Informatiounen oder Ideeën hutt, wéi d’Philatelie an d’Numismatik kënne weider wibbelen. 

Unser nächstes Treffen in Biwer fand am 18. Februar statt, samstags von 9 bis 17 Uhr. 

 

Mënzeclub Hollerech-Bouneweg asbl