Cercle Philatélique et Numismatique Hollerich-Bonnevoie – Rapport vun der gewéinlecher Generalversammlung vum 12.02.2023 am Café des Sports zu Izeg

1. Um genee 11:00 huet de President Maurice Kirsch d’Leit op der Plaz begréisst a Merci fir hiert Komme gesot. Merci och dem Stéphane Reding, deen eis extra säi Lokal opgespaart huet.  

2. Nodeems d’Präsenzlëscht ausgefëllt gouf, ass ee Moment deene fréiere Membere geduecht ginn, déi eis 2022 verlooss hunn, nämlech d’Hären Francis Wagner, Ferdinand Goedert a Roger Hubert. Et gouf och un an all déi aner Philatelisten a Sammler geduecht.
Et gouf kuerz erklärt, wisou eis Boursen uechtert d’Land an net méi um Grond vun der Stad Lëtzebuerg ofgehale ginn. Mir bedaueren nach ëmmer, dass de Kontakt zur VDL net immens ass. Ee Merci dierf awer net vergiess ginn, de Subside gëtt all Joër genotzt, am Sënn vun de Memberen an der Philatélie.  

3. D’Brigitte huet en ausféierleche Bericht iwwert eis Aktivitéite säit der leschter Generalversammlung gemaach.
Erfierzesträiche sinn:
Sammlertreffen am Café des Sports den 6.2.2022 (51 Leit), 20.2.2022 (40 Leit) an den 6.3.2022 (26 Leit)
Opriichten zu Ettelbréck fir d’Bourse vum 13.3.2022
26.3.2022 FSPL-Kongress zu Iechternach mat zwee Leit op der Plaz 
Bestellung fir déi speziell Ausgab vun den Ukraine-Timberen 
8.5.2022 (39 Leit) op der Bourse um Kierchbierg 
174 Leit (neie Rekord) op eiser Bourse am CELO zu Hesper den 21.5.
5.6.2022 (43) an 10.7.2022 (38 Leit) Bourse um Kierchbierg 
100-Joër-Feier den 18.6.2022 mat 97 Visiteuren am Chalet vum Gaart an Heem zu Bouneweg. Artisten / Aussteller / Sammler hu sech begéint an ausgetosch. Eng finanziell Eskapad, mee e philatelistëschen a numismatësche Memorandum. 
Bréif un 101 Gemengen wéngst engem neie Sall / neie Säll 
16.7.2022 am neie Lokal zu Housen – mat 90 Leit en Erfolleg – oder ass Housen ze wäit ? 
24.9.2022 Bourse CELO Hesper (147) 
5.11.2022 eis éischt Bourse zu Biwer (80) 
Chrëschtkaarten fir all eis Memberen 
7.1.2023 Biwer (89) mat Abschied vum Roby Gedink. Merci fir deng jorelaang Dëngschter an däin angenehmen Ëmgang mat eis all. 
5.2.2023 Oberkorn (124 Leit)
Wichteg Info: eis Bourse zu Housen ass wéngst de Walen op den 17. Juni verréckelt (alen Datum: 10.7.2023) 

4. De Louis huet d’Keess opgemaach a gesot wou, wisou a wéivill investéiert gouf bzw. erakoum. Eis Finanze si gesond, trotz Defizit am Jubiläumsjoer.  

5. Den Olivier Nosbaum an de Gilles Useldinger hu matgedeelt, dass d’Keess an déi inklusiv Dokumenter an der Rei sinn an hunn dem Louis als neie Keessier d’Décharge ginn. Dëst gouf eestëmmeg ugeholl.  

6. Eis zwee Keessepréifer si fir en neit Mandat motivéiert – Merci hinnen. 

7. Am Comité koum et (wéi uewen ernimmt) zu enger Ännerung. De Roby Gedink huet aus gesondheetleche Grënn säi Réckzuch ugekënnegt. Mir si frou mam Tun Poos en neit Gesiicht kënnen ze presentéieren. Hien huet déi lescht Bourse gewisen, dass e schaffe kann.
Duerch dëse Wiessel ass och de Poste vum Vize-President mam Vincent Heinz nei besat an de Louis Lomonaco als Keessier approuvéiert ginn.   

8. Et gëtt kee Grond fir de Joresbäitrag fir 2024 z’änneren – dir sidd also weiderhin mat 10€ am Joer dobäi.  

9. De Här Wolff an d’Madame Trommer vun der FSPL waren op der Plaz an hunn Präisser fir d’Aussteller vun eiser 100-Joer-Feier bekannt ginn. Dës Cadeaue ginn op eiser Bourse den 20. Mee am CELO zu Hesper verdeelt géngt 16h.
Den Här Wolff huet jidderengem Mutt gemaach, z.B. duerch Ausstellen außer Competitioun fir nei Sammler. Et gouf en Ausbléck op Ausstellungen 2023 gemaach mat z.B. der Multilateraler a Slowenien. D’Käschte fir Kaderen ginn an Zukunft net méi vun der FSPL iwwerholl an et ginn Iwwerleeungen fir de Bäitrag vu 5€ op 10€ säitens der FSPL ze hiewen. 

10. Et gëtt eng angenehm Zesummenaarbecht mat Ettelbréck a mam Mënzeclub a mir weisen eis oppe fir aner Coopératiounen.
Vu der finanzieller Situatioun koum d’Idee op fir en Deel vun eisem Budget unzeleeën – mir iwwerleeën eis wéi mer dat kënne man a wou a gesinn eis dann nach emol. Propositioune w.e.g. un de President, merci. 
Et gëtt Zäit fir en neit Gewënnspill. Mir sichen dee laangjäregste Member an eisem Club mat Memberskaart als Beweis!  

11. An der fräier Aussprooch gouf et als schued empfond, dass Timberen mat LUF entwert gi sinn, mee laut Gesetz war et net anecht méiglech (net wéi a Frankräich / Belge / …) . 

Et sief och ernimmt, dass eise Member Guy Rosseljong ënner Mataarbecht vum Romain Thielen e Katalog fir lëtzebuergesch Geldschäiner erausginn huet, dee fir 50€ bei eis ze kréien ass (Verschécken ass méiglech). D’Buch huet eng 550 Säite mat 920 Beschreiwungen an 1230 Biller.  

12. Als Ofschloss sief gesot, dass eise Veräin Hollerech-Bouneweg déi meescht effektiv Memberen am Land huet (Stand haut 108).  

Dorobber kënne mer all houfreg sinn a mat positiver Energie an d’Zukunft kucken.  

Fir de Club, 

Maurice Kirsch 

President.